D’Schüler aus der Optioun Geopolitik an eis EPAS-Ambassadeuren haten am 1. Semester déi eemoleg Geleeënheet fir Alterskomeroden aus Helsinki ze treffen an zwar a Finnland selwer!
Begleet vum Direkter, dem Här Boever, an hirem Proff, dem Här Schloesser, sinn 8 Schüler aus dem ALR am Oktober op Helsinki geflunn, fir sech do sur place mat Schüler auszetauschen, déi genau wéi si un (europäescher) Politik interesséiert sinn.