COACH

De Coach am ALR

Eng zentral Ënnerstëtzungsmoossnam fir d’Schüler an hirem Léierprozess. Am Konzept vun der Schülerbegleedung stellen d’Coach-Stonnen am Atert Lycée eng zentral Roll duer. D’Coach-Stonne stinn dobäi fir eng Begleetmoossnahm, bei der d’Schüler op alle 7e-Klassen an hirem perséinleche Léierprozess sou sollen ënnerstëtzt ginn, dass si hire Léieralldag besser strukturéieren an duerch d’Uwende vu Léiertechniken hire Léierprozess optiméiere kënnen. Dëst mam Ziel selwer iwwert hiert d’Léieren ze reflektéieren.

Fir individuell op d’Schüler kënnen anzegoen a Léiermethoden ze festegen, ginn d’Schüler vun enger Klass a Gruppe vu 6-8 Schüler opgedeelt. Dëst bitt och d’Méiglechkeet ze differenzéieren an sou besser op d’Besoin’en vun de Schüler anzegoen.

All Grupp gëtt vun engem Enseignant vun der Klass als Lerncoach begleet, den op Demande vum Regent oder vun deenen aneren Enseignantë vun der Equipe pédagogique flexibel op méiglech schoulesch Problemer oder ustoend Themen a Projeten agoe kann.

No der 7e besteet de „Coach“ just nach op de 6e-, a 5e-Klasse vum Enseignement général a vun der voie de préparation. Och wann weider de Léierprozess an d’Behiewe vu Léierproblemer behandelt ginn, sou réckelen am Verlaf vun der 6e - a virun allem op der 5e - ëmmer méi déi berufflech a schoulesch Orientéierung um Enn vun der 5e an de Virdergrond.

Zesumme mam Coach-Enseignant sollen d’Schüler no an no hir Interêten a Fäegkeeten erausfannen an déi weider schoulesch a berufflech Ausbildungsméiglechkeeten no der 5e kenneléieren.

Ziel ass et, dass de Schüler déi perséinlech fir sech am beschten ugepassten Orientéierung um Enn vun der 5e kritt, baséierend op senge schoulesche Resultater souwéi senge perséinlechen Interêten a Fäegkeeten.

Contact: coach@alr.lu

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons