Nodeems 4GSO1 an 4GSO2 schonn virun e puer Wochen d’Äerdschëff präsentéiert kritt hunn, stoung den Mëttwoch 26.04 eng 2. Visitt um Programm.
D’Schüler hunn dobäi wärend 2 Stonnen « gespillt »: Beim Spill « Climate Challenge » geet et drëms, d’Zesummenhäng tëscht Wirtschaft, Ökologie a Sozialem sëlwer erauszefannen. Wat méi zesummen geschafft gëtt (obwuel si am Spill eigentlech « Géigner » sinn), wat ët der Gesamtheet eigentlech besser geet a manner Krisen stattfannen. Gläichzäiteg hunn d’Schüler gesinn, dass nohalteg Industrien zwar am Ufank méi deier sinn, mee op laaang Siicht den Impakt op d’Ëmwelt an Gesellschaft méi positiv ass.