Wéi gesäit d’Ausbildung vum Energietechniker aus?
Mam Wandel vun der Zäit huet sech natiirlech och de Marché verännert. Grouß Nofro gëtt et um Gebitt vum Energietechniker.
Dëss nach relativ nei Ausbildung gëtt nëmmen am Atert Lycée zu Réiden ugebueden.
D’Technikerausbildung ass eng „plein Temps“ Ausbildung an der Schoul, huet 3 Stagen vu jeweils engem Mount beim Patron am Betriib an dauert insgesamt 4 Joër.
Technischen Héichschoulstudium mat virbereedene Moduler méiglech.
Eis Ausbilung setzt sech aus 2 Haaptbereicher zesummen: 1. Elektroinstallationstechnik, 2. Heizungs-Klima-Lüftungstechnik.
An de modernen Atelieren gëtt grouße Wert geluecht op:
- D’Inbetriebnahm
- D’Optimiséierung
- D’Reparaturen
- D‘Wartung
- D’Vernetzung
vu verschiddenen Anlagen a Systemer aus eisen 2 Haaptbereicher.
Mir schaffen Handlungsorientéiert, d.H. eist Ausbildungskonzept ass zesummen mam Luxembuerger Handwierk an der Chamber des métier erstallt ginn.
Fir all Weider Informatiounen:
- E-Mail:
Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. - Tel: 266232-100
- an op eiser Facebook-Säit www.facebook.com ⇒ Energietechniker am ALR