SES-Schools : den ALR fir d’drëtt mat engem « excellent » belount.

SES-Schools : den ALR fir d’drëtt mat engem « excellent » belount.

Den 21. Oktober huet nees déi alljärlech Remise vun den SES-Labele stattfonnt.

SES steet fir Sustainable Entrepreneurial Schools, eng Initiativ déi vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) an der Direction générale des classes moyennes du Ministère de l’Économie an d’Liewe geruf gouf. Iwwert dëse Wee ginn déi Lycéeën ënnerstëtzt an ausgezeechent, déi sech besonnesch um Niveau vum Entrepreneuriat, der Orientatioun vun de Schüler*innen an der Nohaltegkeet agesat hunn. 

Wéi an de leschten zwee Joer schonn, krut den Atert-Lycée nees déi héchsten Auszeechnung, de Label N3 – Entrepreneurial Culture. 

Dëse Label attestéiert dem ALR: « Le Lycée a soutenu les élèves activement dans le renforcement de leur esprit d’initiative et de leur capacité d’innovation ainsi que dans le développement des 4C-compétences, compétences phares du 21ème siècle : communication, collaboration, créativité et pensée critique » (Extrait aus dem Zertifikat). 

Eng Delegatioun vun eisen Enseignanten a Schüler*innen huet un dësem Event deelgeholl. Ee vun eise Schüler, den Tiago Menezes Castro, huet de Publikum bei dëser Geleeënheet iwwert seng Erfarunge bei der Mini-entreprise « Kappstand » informéiert. Och an Zukunkt wäert Dir nach vu Kappstand héieren, ugereegt vun hirem Erfolleg, hunn hien a seng 3 Kolleegen decidéiert fir d’Aktivitéit vun hirer Mini-Entreprise als richteg Entreprise weider ze féieren. 

Ofgeschloss gouf den Owend mat dem Ënnerschreiwe vun der Konventioun fir d'”EduStart-Ups” tëscht dem SCRIPT, der Direction générale des classes moyennes an dem ALR. Den ALR ass ee vun dräi Pilotlycéeën, déi sech un dëser neier Initiativ bedeelegen, déi et den Lycéeën erlaabt sech weider um Wee vum Entrepreneuriat ze engagéieren. 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons