Semaine de la francophonie

Semaine de la francophonie

Am Kader vun der Journée internationale de la Francophonie den 20. Mäerz huet d’Franséischdepartement vum 21. bis 25. Mäerz eng Semaine de la Francophonie am ALR organiséiert, souwuel fir d’Schüler wéi och fir d’Enseignanten aus dem ganze Gebai.

Vun Méindes bis Donneschdes, gouf all Dag an der Paus ee neie Quiz mat 10 Froen zum Thema « Francophonie » ausgedeelt. Um Enn vun der Woch goufen d’Gewënner bekannt ginn. Am Ganzen hunn 180 Schüler a Schülerinnen motivéiert matgequizt, et war fir eng éischt Editioun soumadder e groussen Erfolleg!

D’Präisiwwerreechung huet du Freides an der Paus stattfonnt an 3 Schüler krute felicitéiert: si haten all d’Froe richteg beäntwert. D’Franséischdepartement huet hinnen eng kleng Iwwerraschung an och hire wuelverdéngte Chèque-Cadeau aus dem Lëtzshop iwwerreecht. Och d’Schülerin, dat déi flott Affiche fir de Concours konzipéiert hat, krut ee Bong.

Zousätzlech zu de Schülerinnen a Schüler hunn d’Enseignante fläisseg matgespillt an och do, huet dat bescht Resultat ee Kaddo à la française gewonnen.

Victor Van de Putte (2TPCM), Pit Thilmany (7CS2), Aurèle Pouit (4CL1), Lisa Peiffer (6GS1) a Julien Dengler

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons