Semaine de la Francophonie

Semaine de la Francophonie

Am Kader vun der Journée internationale de la Francophonie den 20. Mäerz huet d’Franséisch Departement vum 20. bis den 23. Mäerz eng Semaine de la Francophonie am ALR organiséiert.

Duerch d’ganzt Gebai goufen Affichen opgehaangen fir heirobber opmierksam ze maachen.

All Moies huet ee missen ob e Neits de QR-Code op der Affiche scannen, duerch deen een Accès op de Quiz kritt huet. Wann een di 4 Quizzer gemaach hat, krut een d’Chance, e flotte Cadeau ze gewannen. Am Ganzen hun 500 Schüler a Schülerinne souwéi och d’Personal matgequizt, et war fir eng zweet a méi nohalteg Editioun e groussen Erfolleg!

D’Präisiwwerreechung huet du Freides an der Paus stattfonnt an 3 Schülerinne goufe felicitéiert. D’Franséisch Departement huet hinnen eng kleng Iwwerraschung an och hire wuelverdéngte Chèque-Cadeau aus dem Lëtzshop iwwerreecht. Zousätzlech huet dat bescht Resultat beim Personal ee Kaddo à la française gewonnen.

Felicitatioun un iech all! A Merci fir d'Matspillen!

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons