Semaine de la Francophonie

Semaine de la Francophonie

Am Kader vun der Journée internationale de la Francophonie den 20. Mäerz huet d’Franséisch Departement vum 18. bis den 22. Mäerz eng Semaine de la Francophonie am ALR organiséiert.

Duerch d’ganzt Gebai goufen Affichen opgehaangen fir heirobber opmierksam ze maachen. 
All Moies huet ee missen ob e Neits de QR-Code op der Affiche scannen, duerch deen een Accès op de Quiz kritt huet. Wann een di 4 Quizzer gemaach hat, krut een d’Chance, e flotte Cadeau ze gewannen. Vill Schüler a Schülerinne souwéi och d’Memberen vum Personal hunn matgequizt. 

D’Präisiwwerreechung huet du Freides an der Paus stattfonnt an follgend Schüler goufe felicitéiert: op der éischter Plaz, de Maselli Sebastian (5C3), op der zweeter d’Deshouilières Océane (1GSO2) an op der drëtter de Posing Yona (7C3). De Sebastian krut seng 2 Tickete fir FrancoFolies zu Esch iwwerreecht. D’Océane an de Yona kruten hir wuelverdéngte Bongen aus dem Lëtzshop. Hinne vill Spaass domadder! Zousätzlech huet de Luc Thoma, dat bescht Resultat beim Personal erreecht, hien krut ee Kaddo à la française. 
Eise Fotografen, dem Amber Dondelinger an dem Liam Ferron ee spezielle Merci fir des flott Fotoe vun de Gewënner zesumme mam Franséisch Departement. 

Felicitatioun un iech all! A Merci fir d'Matspillen!

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons