Am Kader vun der "Semaine de la Démocratie" hunn haut d'Schülerinnen a Schüler am ALR op Aenhéicht mat Experten aus Politik an Zivilgesellschaft diskutéiert.
Zesummen hunn si Léisunge gesicht fir d'Landwirtschaft an d'Mobilitéit vu Muer an sech Gedanke gemaach wéi een de Politeschen Engagement vu Jonke ka fërderen.
Den Event war vum ALR-Talents "International and European Politics" organiséiert. Villmools Merci onsen externen Experte Martine Kemp, Anne Steichen, Fernand Etgen, François Bausch, Charel Ferring, Maks Woroszylo, Laurent Schmit a Muhamed Scherer.