Mir haten de Méindeg eng ganz sympathesch Equipe aus dem LTPS bei eis op Besuch, déi am Kader vun engem Projet eise Schüler d’ Éischt Hëllef méi no bruecht hunn.
Zwou 5èmes Klassen hunn sech a verschiddene Workshoppe souwuel mat der kierperlecher wéi och déi mentaler Gesondheet an der éischter Hëllef bei Noutfäll vertraut gemaach.
Mir wënschen dësen 10 Infirmièresschüler/in all Guddes an hiren Examen a soe Merci fir déi flott Zesummenaarbecht.