Mir felicitéieren de Schüler vun der 3e latine fir hier excellent 3. Platz am Concours “Prix Henri Kugener”, deen all Joer vun der ALPLG (Association luxembourgeoise des professeurs de latin et de grec) organiséiert gëtt.
Hiere Projet besteet aus engem Kuerzfilm inspiréiert un der däitscher Komedie „Er ist wieder da“. Et handelt sech heibäi awer net em de Retour vum däitschen Diktator, mä em deen vum Julius Cäsar a seng Aventuren an der moderner Welt. Wann der lo virwëtzeg sidd an e bëssen laachen wëllt, dann kuckt iech „Redit“ hei driwwer un.
1. Rei, vu lenks no riets: Caroline SCHICKES, Lina JANSEN, Bruna SERRA GUERREIRO, Émilie PHAM
2. Rei, vu lenks no riets: Irma KAUTEN, Jim WELTER, Daris LICINA, Améie WEYLAND, Milly ELCHEROT