Oppasse virun dëser Facebook Videonoriicht am Messenger!

Oppasse virun dëser Facebook Videonoriicht am Messenger!

An de lëschten Deeg huet sech des Videonoriicht iwwer Facebook Messenger verbreet. Et handelt sech dobäi allerdéngs em ee Virus.

Bei dem Video steet dann ee perséinleche Message wou ee gesot kritt, dass een an dem Video erkannt gi wier. Dëse Link soll een awer op kengem Fall opmaachen, well dee féiert een op eng Säit déi quasi genau sou ausgesäit wéi d' Loginsäit vu Facebook. De Problem ass awer, wann een do seng Daten agëtt, hunn Onéierlecher onbemierkt är Zougangsdate vun ärem Account iwwermëttelt kritt.

Wat maache wann ech déi Message kritt hunn?

Am beschten der Persoun zréckschreiwen, vun der de Message koum, a soen se soll hir d'Zougangsdaten/ Passwuert vu Facebook direkt änneren.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons