Ökologesch Exkursion op Norderney

Ökologesch Exkursion op Norderney

Dëst Joer vum 14. bis den 19. Mee waren eis 2CC an 3GPS op déi traditionell ökologesch Exkursion op Norderney. Et waren 27 Schüler:innen dobäi, déi vun 5 Enseignants begleet goufen.

Déi 2 Klassen hunn 5 flott Deeg erlieft an interessant Erfarungen gesammelt. Trotz der starker Loft, frëschen Temperaturen hunn si sech daper duerch d’Wattlandschaft duerchgekämpft an sinn mat villen neien Kenntnisser iwwert des aussergewéinlech biologesch Villfalt op der Insel belount ginn.

Duerch de starken Géigenwand ass eis Exkursion zur sportlecher Erausfuerderung ginn mee mir konnten eis duerno schéin Buerféiss an der Schlickwatt Thalasso-Therapie entspanen.

D‘Sonn huet sech dann endlech fir déi 2 lescht Deeg gewisen an eisen Openthalt ëmsou méi angeneem gemaach. Mam Kapp voller Erënnerungen an e puer Wattwierm tëschent den Zéiwen huet d’Sonn eis op de Heemwee vum „wilden Osten“ an den welle Westen begleet.

Ee grousse Merci un den Fond National de la Recherche fir déi finanziell Ënnerstëtzung!

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons