Rondrëm de neie lëtzebuerger Feierdag, de 9. Mee, och nach bekannt als Europadag, goufe bei eis am Land eng ganz Rei Feierlechkeeten organiséiert. Feierlech, virun allem awer och ganz sérieux an engagéiert, goung et di Deeg virdrunn um Model European Parliament hir.
Op d’Been gestallt vum Lycée Aline Mayrisch aus der Stad hunn net manner wéi 12 Lycéeën aus dem ganze Land un däer Manifestatioun deelgeholl. Dräi Deeg laang hunn déi Jonk debattéiert, diskutéiert an ëm Formuléirungen gestridden, bis datt déi eenzel Commitees hir Resolutiounen zu Pabeier bruecht haten, fir se mëttwochs an der General Assembly am groussen, historeschen Hémicycle vum Bâtiment Robert Schuman hire Matschüler zum Vote ze stellen. Eiregëscht op dëse fir d’Schüler immens erfarungsräichen Deeg woren ënner anerem d’Europadeputéiert Tilly Metz an de Minister fir Aarbecht a Sozialwirtschaft Dan Kersch.
E grousse Merci un eis virbildlech Vertrieder aus dem ALR, un d’Kelly Simon, d'Sophie Klein, de Bob Delli Zotti, de Fränz Hoffmann, den Eric Diederich an un d’Laurie Henkes.