Ganz gudd Resultater vun all eisen Spiller/innen. An der Catégorie Minimes huet den Foos Ferber déi eischt Platz beluecht. Bei de Cadettes-Meedercher stinn mam Emilie Piquard (zweet Platz) an Lea Weber (drëtt Platz) direkt zwou Spillerinnen um Podium. Nach besser huet ët den Maël Van Dessel gemeet a bei de Jongen d'Cadets-Catégorie gewonnen. Dem wollten eis Junioren/Senioren an naïscht nostoen an hunn mam Loïc Piquard als Gewënner a mam Jonathan Van Dessel och zwou Podiumsplatzen erspillt. Bei den Juniores-Meedercher konnt d'Amielle Jeanpaule och déi drëtt Platz gewannen. Merci och all denen aneren Spiller/innen vum ALR, déi och ganz gudd Resultater erzielt hunn: Sara Wantz, Jil Graas, Céline Schmit, Philippe Lux, Maxime Sonntag, Kim Schroeder, Noah Niclou, Stephan Zotto, Cédric Bertrand, Bob Lanners