D’Schüler aus dem ALR hunn dëst Schouljoer scho fläisseg un de verschiddene LASEL-Competitiounen deelgeholl.
Um Programm stoungen ënnert anerem Futtball, wou eis Meedercher et bis an d’Final gepackt hunn, Schwammen, Fechten, Mountainbike, Volleyball an Dëschtennis.
Och dëst Joer waren erëm iwwer 100 Schüler beim Duathlon vun der LASEL hei zu Réiden um Start.
Den ALR war och ganz gudd vertrueden. Mir gratuléieren dem Emma Ries fir seng ganz gudd 2. Plaz an dem Sarah Koenig an dem Liam Lambert fir déi excellenten 1. Plaz an hire Kategorien.