Kitestage vun der Optioun Sport zu Büsum (D)

Kitestage vun der Optioun Sport zu Büsum (D)

Direkt nom éischte Schouldag geet et Samschdes moies fir d’Optioun Sport op Büsum an Däitschland. D’Schüler sollen hei hier éischt Erfarunge mam Kitesurfe sammele respektiv ausbauen, dëst um Site vun der professioneller Equipe vu Kite City.

Scho moies fréi kuerz virun 8 Auer koumen déi éischt Schüler midd bei d’Camionnettë virun de Lycée getrëppelt. 8 Stonne sollt d’Faart daueren, mee mat Stau an Iesspause sinn et der gutt 10 ginn. Um hallwer 7 si mir endlech bei der Jugendherberg ukomm an direkt un de Buffet gaangen.

Sonndes moies ass et mat de Camionnettë bei d’Mier gaangen. Mat enger Mëschung aus Opreegung a Respekt krute mir déi éischt Aweisunge mam Ëmgang mat engem Kite. Fir d’Angscht e bëssen ze huelen hu mir fir unzefänke mat engem Trainingskite u Land an 2er Gruppe geüübt.

Mëttes huet de Wand sech da bësse geluecht, wouduerch mir op eng aner Waassersportaart ëmgeklomme sinn: Stand Up Paddling. No puer wackelege Versich um Briet, konnt dunn jidderee méi oder wéineger stabil stoen. Mee keen ass dreschen dervu komm, spéitstens no der Course ass jiddereen an d’Waasser gezappt ginn.

Méindes ass de Wand leider nach ëmmer net méi ginn, dowéinst hu mir mam SUP weider gemaach. Fir e bëssen Ofwiesslung ze kréien hunn eis Kitelehrer*innen ee SUP-Polo-Tournoi organiséiert. A sechs 3er Gruppen ass géintenee gespillt ginn. Déi 3 Gewënnerequippe krute souguer ee klenge Präis vu Kite City offréiert. Direkt vum Waasser an de Sand ass et mat Beachvolleyball weider gaangen, sou si mir eiser Traditiounssportaart vum lëschte Joer och trei bliwwen.

Dënschdes hu mir den Dag gutt gelaunt ugefaangen, zwar net beim Kite mee beim Adventure Minigolf. Mëttes war dunn endlech erëm genuch Loft fir de Kite auszepaken. E Schrëtt wieder si mir dunn mam Kite an d’Waasser gaangen awer e Briet hu mir deen Dag nach net gesinn. Mat Übungen ewéi Bodydrag, Sinuskurven a Powerdrive hu mir eist Kënnen ënner Beweis gestallt.

Mëttwochs war et ganz ustrengend; no ze wéineg Wand déi lescht Deeg hate mir op dësem Dag top Wiederkonditiounen: e ganzen Dag kite war ugesot an endlech goung et mam Briet op d’Waasser. Um ganze Mier verdeelt huet ee stolz Gesiichter gesinn déi hir éischt Meteren um Briet gemeeschtert hunn. No e puer Stonne krute vereenzelt Schüler et hin och méi wäit ze fueren. Et war fir jiddereen eng flott Erfarung.

Donneschdes huet d’Wieder alt nees net matgespillt, dës Kéier war net ze wéineg Wand gemellt mee vill ze vill. Et war Stuerm. Trotzdeem konnte mir eis Zäit produktiv notzen. Am spéide Moien hu mir mat der Kite-Theorie ugefaangen, direkt duerno konnt ee fräiwëlleg un engem klengen Test deelhuele fir eng Kitelizenz ze kréien. Fir ee Gebuertsdag vun engem Schüler ze feieren an de leschten Owend ze genéissen si mir dono Bowling spille gaangen.

Freides bei Sonnenopgank um 7 Auer stounge mir all midd an awer voller Motivatioun am Neopren virun der Kitestatioun, fir nach eng leschte Kéier richteg vum Sportausfluch ze profitéieren. No enger kuerzer  awer flotte Kitesession si mir du gutt gelaunt zeréck op Réide gefuer.

Mir soe Merci un eis Sportsproffen, Direktioun, Kitelehrer an u jiddereen dee gehollef huet eis dee schéinen an onvergiessleche Sportstage ze erméiglechen.

Mat beschte Gréiss,

D’Optioun Sport.

 

- Fotosgalerie

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons