Exkursion op Norderney

Exkursion op Norderney

Dëst Joer vum 19. bis den 24. Mee waren eis 2CC an 3GPS op déi traditionell ökologesch Exkursion op Norderney. Et waren 42 Schüler:innen dobäi, déi vun 6 Enseignants begleet goufen.

Déi 2 Klassen hunn 5 flott Deeg erlieft an interessant Erfarungen gesammelt. Mat besserem Wierder ewéi heiheem hunn si sech daper duerch d’Wattlandschaft duerchgekämpft an sinn mat villen neien Kenntnisser iwwert des aussergewéinlech biologesch Villfalt op der Insel belount ginn.
Duerch de starken Géigenwand ass eis Exkursion zur sportlecher Erausfuerderung ginn mee mir konnten eis duerno schéin Buerféiss an der Schlickwatt Thalasso-Therapie entspanen.

Mam Kapp voller Erënnerungen an e puer Wattwierm tëschent den Zéiwen huet d’Sonn eis op de Heemwee vum „wilden Osten“ an den welle Westen leider verloos.

Ee grousse Merci un den Fond National de la Recherche (FNR) fir déi finanziell Ënnerstëtzung! 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons