Den 18. Mäerz ass d‘Ausstellung EU4You(th) am ALR lancéiert ginn.
Des Ausstellung iwwer d‘Europäesch Unioun ass eng excellent Gelegenheet fir eis Schüler déi dest Joer fir d’éischt wiele ginn fir sech am Viirfeld vun den Europawalen iwwert d‘EU ze informéieren. An engem flotte Gespréich mat der Europadeputéierter Isabel Wiseler-Lima konnten si sech iwwer Politik an aner aktuell Themen austauschen.