D’Optioun Sport op Besuch bei Special Olympics

D’Optioun Sport op Besuch bei Special Olympics

De 17. Abrëll war d'Optioun Sport (3ème-1ère C a 1ère GSO) aus dem ALR op Besuch an der Privatschoul vun der Sainte-Anne , déi zanter villen Joren ee Projet mat Special Olympics lancéiert hunn.

Bei sportlechen Aktivitéite wéi dem Cross Boccia, villen klenge Staffelen a koordinativen Aufgaben, konnte mir dovunner profitéieren ee kuerzen Abléck an dëse wichtege sozial Beräich vu Sport zesumme mat Athlet*innen déi eng Beanträchtegung hunn ze kréien.

Eis Schüler*innen hu mat den Athlet*innen vu Special Olympics a Gruppen zesumme geschafft a konnten sech esou besser kenne léieren a géigesäiteg ënnerstëtzen. D'Tatsaach, datt eis Schüler*innen ganz offen un d'Athleten erugaange sinn a keng Kontaktängschte gewisen hunn, huet zu engem gelongenen Owend bäidroe, bei dem vill zesumme gelaacht ginn ass.

Mir ware begeeschtert iwwert d'Liewensfreed an den Enthusiasmus vun de Special Olympics Athlet*innen!

Ee grousse Merci dem Romy Bertemes aus der Sainte-Anne, datt mir erëm konnten dobäi sinn, hei e puer Andréck.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons