D’ALR Mini-entreprisen nees on Tour

D’ALR Mini-entreprisen nees on Tour

No zwee Joer Pandemie-bedéngtem Ausfall, konnte fënnef vun eise Mini-entreprisen nees un der grousser Vente en commun an der Belle-Étoile deelhuelen.

Leschte Freideg Nomëtteg an de ganze Samschdeg hu si esou enger interesséierter Clientèle eng ganz diversifiéiert Gamme virgestallt:

  • Kyoto huet T-Shirten an Hoodien am Manga-Style an der Offer;
  • Lëtz Be Fresh proposéiert eng natierlech an hausgemaachte Limonad ouni Zousazstoffer;
  • Lampit Design verkeeft héichwäerteg, artisanal produzéiert Luuchten aus Holz;
  • Lasting Touch Of Paradise offréiert e grousse Choix u selwer gemaachte Seefen;
  • Pong deLux bitt nohalteg Beer-Pong-Becheren un, déi d’Spullmaschinn verdroen, an dréit domat hiren Deel zur Verréngerung vum Plastikoffall bäi. Dës Becheren kënnen op Wonsch vum Klient individualiséiert ginn.

D’Qualitéit vun eise Produiten huet och déi zwee Ministeren, Claude Meisch a Lex Delles, iwwerzeegt. Een T-Shirt vu Kyoto a Limonad vu Lëtz Be Fresh hu si mat heem geholl.

Generell hunn d’Produiten aus dem ALR e grousse Succès kannt. Scho samschdes mëttes um 12 Auer gouf et bei Lëtz Be Fresh keng Limonad méi (trotzdeem konnte si nach eng ganz Rei Commanden ophuelen). Bäi Lampit Design a Lasting Touch of Paradise ass et zum Schluss och bal näischt méi ze kafe ginn.

Mä - keng Suerg - spéitstens fir den ALR-Theater (29. an 30. Abrëll) wäerten eis Stocken nees gutt gefëllt sinn!

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons