Culture numérique

D’Zil vun eiser Schoul ass et, eis SchülerInnen zu kriteschen a mëndege BiergerInnen ze erzéien an dëst gëllt och am Beräich vun der digitaler Bildung.

D’Schoul soll de SchülerInnen déi néideg digital Kompetenze vermëttelen, déi si spéider an der Aarbechtswelt brauchen. Dobäi muss eis Schoul de SchülerInnen awer och bewosst maachen, wéi staark déi digital Welt hiren Alldag beherrsche kann a wat fir eng Risiken dëst mat sech bréngt.

Mir wëllen als Schoul dobäi folgend Ziler erreechen:

  • en altersgerechten Ëmgang mat digitale Medien

  • e schrëttweis Erreeche vun digitaler Kompetenz

  • eng bewosst Trennung tëscht dem privaten an dem schouleschen digitale Beräich, dëst och am Hibléck op e spéidere gesonden Ëmgang mat den digitale Medien am Beruffsliewen

  • e kriteschen Ëmgang mat den digitale Medien

  • zesumme mat den Elteren e gesond digitaalt Ëmfeld fir eis SchülerInne schafen

Ons ethesch Grondsätz

Déi digital Kompetenze setze verschidde Grondfäegkeeten an „analog“ Kompetenze viraus. Ouni dës Grondfäegkeete kann ee keng digital Kompetenzen entwéckelen. Dofir ass et wichteg, datt déi digital Medien komplementar an zibléiert genotzt ginn.

D’Perséinlechkeetsrechter vun de SchülerInne musse beschtméiglech geschützt ginn a mir mussen och d’SchülerInnen zu engem verantwortungsbewossten Ëmgang mat hiren eegenen Daten ureegen.

D’Gefor vu Manipulatioun, vun Iwwerwaachung, vu Mobbing a vun net altersgerechten Inhalter muss thematiséiert ginn.

Diskriminéierung an all hire Facetten duerch an an den digitale Medien muss thematiséiert an der
Diskriminéierung sou gutt wéi iergend méiglech entgéintgewierkt ginn.

Eis Schoul muss sech fundéiert a kritesch mat der Fro ausenaner setzen, wat fir Auswierkungen d’Digitaliséierung huet an a wat fir enge Beräicher dës Auswierkunge fir eis SchülerInnen ze spiere sinn. Wa mir zum Beispill vun den digitale Medien profitéieren, fir strukturéiert Schreiwen anzetrainéieren, muss och d’Evaluatioun där Tatsaach Rechnung droen.

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons