Den Méindeg 10. Juli 2023 huet 7C4 hiren 1. Präis vum Concours „Hello Spring 2023” ageléist.
Et goung op den Hunnebur bei Recken/Miersch vun wou aus et ca. 8 km zu Fouss op Huelmes gaange ass. Wärend dëser Wanderung hunn d’Schüler verschidden Aufgaben missten léisen, fir den Wee op Huelmes kënnen ze fannen. Dës Aktivitéiten hunn alleguer ronderëm Thema „Di 4 Elementer am Dall vun der Äisch“ gedréit. Sou huet z.B. missten eng „Murmelbahn“ mat Elementer aus der Natur gebaut ginn.
Ervirzehiewen bleift och nach, dass den Luc Micket den 2. vum Concours ginn ass an ee Buchpräis gewonnen huet.
Ee grousse Merci un d’ABIOL an un den Naturmusée, déi der Klass dësen flotten Dag erméiglecht huet.