Den Edukatiounsminister Claude Meisch war am Kader vu senger Tournée "Bildung am Dialog" den 22. Februar op Visitt am ALR.
De Lycée huet dem Minister seng Projeten ILSA an ALR-Talents virgestalt. De Claude Meisch huet sech d'Workshops "Bees and Apeltrees", "Design it", "TheAtert"a "CulinALRia" ugekuckt a war begeeschtert vum Engagement vun eise Schülerinnen a Schüler an der Innovatiounskraft vun eisem Lycée.
- Galerie