Berlin, du bist so wunderbar!

Berlin, du bist so wunderbar!

Eis 2e-Schülerinnen a Schüler vun de Klassen 2CDG an 2CBE wore fir déi mëttlerweil 8. Kéier op eiser traditioneller Berlin-Exkursioun.

Am Laf vun der Woch krute si eng ganz Rei Abléck an déi mouvementéiert an émouvant Vergaangenheet vun der däitscher Haaptstad.

Si hunn engersäits geschichtsträchteg Erënnerungsuerter aus dem 2. Weltkrich - ënnert anerem d’Haus der Wannseekonferenz an d’KZ Sachsenhausen - besichtegt, a woren anerersäits awer och op de Spuere vum Kale Krich - zum Beispill d’Loftbréck vun de “Rosinenbomber” um Fluchhafen Tempelhof an de Stasi-Prisong Hohenschönhausen - an der laang gedeelter Stad.

Donieft hate si natierlech och d’Geleeënheet, déi hauteg pulséierend an opreegend europäesch Metropol, ze entdecken. Ze Fouss sinn d’Schülerinnen an d’Schüler iwwert den Checkpoint Charlie getrëppelt, ier si sech déi beweegend Topographie des Terrors am ale Regéierungsvéierel vun den Nationalsozialisten ugekuckt hunn. Weider goung den Tour laanscht d’Holocaust-Denkmal an duerch d’Brandenburger Tor a Richtung Platz der Bücherverbrennung bis op den Alexanderplatz.

Wärend engem flotte Vëlostour duerch d’Véierel vum Prenzlauerberg, Friedrichshain a Kreuzberg, hu si déi modern a kreativ Säit vun der Stad kennegeléiert. Op hirem Wee hu si vill Street Art a Graffiti begéint, mee sinn och duerch nei belieften Industriesiten mat multikulturellem Hannergrond gefuer. Eng kleng Paus an enge vun de ville Parken huet och net gefeelt.

Zu gudder Lescht hate si dunn och nach d’Méiglechkeet, sech déi däitsch Haaptstad vun uewen unzekucken, an dëst direkt dräimol. Den éischte Bléck konnte si vun der Radarstatioun um Teufelsberg op d’Stad werfen, den zweeten aus der Reichtagskuppel eraus an de leschten aus iwwer 200 Meter Héicht vun der Aussiichtsplattform vum Fernsehtuerm.

No enger flotter an ofwiesslungsräicher, awer och ustrengender Woch, haten eis SchülerInnen vill vun der berüümter Berliner Loft ageotemt a sinn erëm no enger ganz interessanter Erfarung mat villen neien Impressiounen heemgefuer.

E grousse Merci geet un d' „Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte“ fir hir Ënnerstëtzung.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons