Och dëst Schouljoer kanns du erëm un enger flotter Aktivitéit am Kader vun den ALR-Talents deelhuelen.
Hei drënner fënns du wieder Informatiounen iwwert d’Organisatioun an Aschreiwung.
- D’ ALR-Talents Aktivitéite betreffe nëmmen d’Klasse vum cycle supérieur am ESC an ESG (4e-2e, ausser 2eGCG a 4e-2eTPEQ)!
- D’ Aschreiwung ass obligatoresch a just e Freideg, den 22. September 2023 tëschent 11:10 an 12:00 Auer méiglech!
Allgemeng Informatiounen
Déi verschidden Aktivitéite fannen all Freideg wärend de leschten zwou Schoulstonnen (10:40-12:15 Auer) statt. Déi SchülerInnen déi net un enger Aktivitéit delhuelen hu Fola-Stonnen a gemëschte Gruppen.
Hei fënns du d‘Broschür mat enger Beschreiwung vun all den Aktivitéiten.
Aschreiwung
Fir dech anzeschreiwen musst du entweder op de Link hei klicken oder de OR-Code mat dengem Handy/iPad scannen.
Dono muss du dech mat dengem IAM aloggen an den Online-Froebou ausfëllen.
Falls de nach eng Fro oder e Problem bei der Aschreiwung hues, mell dech beim Här Raas iwwert Teams!