ALR goes Digital Learning Hub

ALR goes Digital Learning Hub

En Dënschden, de 7. November waren d’4C1, d’4CL1 an d‘4CL4 aus dem ALR mat hiren Informatik Enseignanten an den Digital Learning Hub.

D’Häre Cloostermans-Huwaert a Kesseler Georges hu mat de Klassen a verschidden Ateliere geschafft.
Am Atelier ‘Cryptographie’ hunn d’Schüler verschidde Cryptographie-Algorithmen aus der Vergaangenheet wéi och déi aktuell erkläert kritt déi si eemol selwer duerno zesummen duerchgaange sinn. De Formateur huet drun appelléiert, dass de private Schlëssel privat soll bleiwen fir dass de Message just vun dem entschlësselt gëtt un den dësen och
geduecht ass.

Am Atelier ‘Design Thinking’ ass et drëms gaange fir de Schüler de Prozess vum entwerfe vun enger App ze erklären an och selwer um Pabeier nozespillen. Ee Message den och ukommen ass, ass dass een individuell méi séier ass mä am
Grupp méi wäit kënnt. Et soll een och direkt kleng Feeler maachen, déi esou séier wéi méiglech ze verbessere fir dem Produkt, den de Client sech wënscht, méi no ze kommen.

Am Atelier ‘Laser Cutter’ ass erkläert gi wéi dass de Lasercutter funktionéiert. Zum Schluss ass als Erënnerung e Schlësselunhänger aus Holz fir jidderee als Erënnerung gedrockt ginn.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons