Eeërtécken 2022 - SOLD OUT

Eeërtécken 2022 - SOLD OUT

Direkt virun der Ouschtervakanz dat traditionnelt Eeërtécken, organiséiert vum Département Informatique vum ALR.

Eeërtécken 2022

D'Informatiker organiséieren dat traditionnelt Eeërtécken am ALR ëmmer de läschten Dag virun der Ouschtervakanz.
De läschten Dag virun der Ouschtervakanz ass um 9:30 am Hall dat grousst Event wou 128 Spiller hoffen dass hiert Ee am längsten hält. 

Dat Ganzt geet séier iwwert Bühn: alles leeft an der 9:30 Paus.
Schüler, Proffen, Direktioun, Personal: alleguer kënnen se matmaachen. 
Extra Challenge: Wien zerquetsch dem Direkter säin Ouschteree dëst Joer?

Ze gewannen an der Editioun 2022

De Gewënner: Switch Lite am Wäert vun iwwer 200€
Den 2ten: Retro Game Handheld mat 400 Spiller

Maacht iech bäi well et gi ganz genau 128 Spiller ugeholl, kee méi a kee manner.

Informatiounen

  • Umeldung: Bis e Méiden den 28.März kennt dir äre Bändchen fir 2 € am Bureau Informatique um C1 kafen:
    Dëst Bändchen didd dir den Dag vum Tournéier un an da kritt dir en Ee geschenkt.
    Mat dësem Ee téckt der iech also duer d'Ronnen...
  • Deen deem säin Ee 7x net futti gefuer ass, gewënnt d'Switch Lite:
  • Den 2te Finalist kritt eng Retro-Videospill Konsol mat 400 Spiller.
  • Freides de 1/4/2022: D’Eeërtécke fënnt ab 9h30 am Hall vum ALR statt. Du kriss eréicht dann däin Ee wann s de däi Bänndchen um Handgelenk befestegt hues.

Eeërtécken Éditioun 2019

2019 huet d'Lena Ehmann (4GIG) et gepackt bis zum Schluss derbäi ze sinn, soumat goufe Präisser am Gesamtwäert vun iwwer 300 € un d'Gewënnerin an den Zweetplacéierten iwwerreecht. 
- Fotogalerie

ALR Report iwwert d'Eeërtécken 2018

ALR Report produzéiert vum Studio ALR.

Kamera: Bob Delli Zotti
Kappkamera: Luca Simon
Interviews: Paul Frank
Editing: Bob Delli Zotti

Puer Biller vun 2018

Regelen

  • All Kandidat huet prinzipiell nëmmen 1 Ee ze gutt an ass aus dem Eeër Técken Turnéier ausgescheet duerch d’Onsportlecht verhalen, net un d’Regelen halen oder wann d‘Ee op mannst ugerass ass.
  • Wann s du bis d’Ee kaaft hues kriss du d‘Suen net méi rëm.
  • Du däerfs just um Turnéier Deel huele wann s du Freides, de 30/03//2018 um 9h50 keng Prüfung hues an natierlech den Dag virdrun ee Bändche kaaft hues.
  • Den Dag vum Turnéier hues du Zäit fir bis spéitstens um 9h35 am Hall an der Zone “Safe Zone” ze sinn, falls du bis dann net do bass da gëtt däin Ee an deng Participatioun un een anere verginn. Dëst well mir genau 128 Spiller brauchen.
  • Du bleifs an der Zone “Safe Zone” bis een Enseignant dech opfuerdert op eng Sëtzplaz um Turnéierdësch ze goen.
  • Wann s du deng zoufälleg Sëtzplaz zougewise kriss, muss du dech direkt ob de Stull sëtzen an däerfs deng Platz net mat engem aneren tauschen.
  • Däin Ielebou muss um Dësch op der éischter Markéierung vun dir opgesat bleiwen an däin Ee hëls du an der rietser respektiv lénker Hand an d’ Luucht Richtung Géigner, mat der Eerspëtzt zum Géigner.
  • Réischt nom éischte Signal muss du d’ Spëtzt vun dengem Ee widdert d ‘Spëtzt vum Ee vun dengem Géigner técken. Dir hutt just ee Coup ze gutt, den an de 5 Sekonnen nom éischte Signal gemaach muss ginn. No 5 Sekonne kennt een 2. Signal wat d ‘Enn vun der Ronn bedeit nodeems och kee Coup méi gemaach däerf ginn.
    • De Gewënner ass den, dem säin d’ Ee nom Coup ganz bliwwen ass.
    • Sinn déi 2 Eeër ganz bliwwen hu dir nach 1 Coup ze gutt. Ass nach ëmmer keen Ee, op mannst ugerass, gëtt per Mënzworf entscheet wien weider ass.
    • Sinn nom Coup déi 2 Eeër ugerass kréien déi 2 Kandidate jeeweils een neit Ee a mussen e neie Coup ausféieren. Wann nach eemol déi 2 Eeër ugerass sinn, gëtt per Mënzworf entscheet wien weider ass.
  • Ass bis zum 2. Signal kee Coup gemaach gi, sinn déi 2 Kandidate raus, an e weidere Spiller gëtt aus dem Publikum gewielt.
  • De Verléierer geet direkt an de Festsall wou hien säin Ee ofgëtt oder et direkt ësst. Mir wëlle keng Sauerei nom Turnéier an der Schoul hannerloossen.
  • De Gewënner bleift sëtzen a stréckt d‘Hand mat sengem Ee an d’Luucht fir säi ganz Ee ze weisen. Nodeems dëst kontrolléiert gouf muss dësen an d’Zone “Winning Zone”.
  • Dat ganz gëtt sou oft widderholl bis just nach 1, net ugerassent, Ee iwwereg bleift. De Gewënner muss 7 Ronnen iwwerstoen ouni dass säin Ee futti geet.

Däin Ielebou muss um Dësch op der éischter Markéierung vun dir opgesat bleiwen an däin Ee hëls du an der rietser respektiv lénker Hand an d’ Luucht Richtung Géigner, mat der Eerspëtzt zum Géigner.

Impressiounen vun 2017

Wann dir de Film an d'Photoë kuckt wäert der feststellen, dass jiddfereen sech gutt ameséiert huet...

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons