Ganz erfollegräich huet eng Equipe vum ALR um Minimes-Championnat am Volleyball fir Minimes deelgeholl.
Mat Pech hunn mir an der leschter Sekonn de Match géint de Champion LJBM verluer a si punktgläich mam zweeten, dem AL, op déi drëtte Platz komm. Des Platz war opgrond vu ganz gudde Matcher vun eisen dräi Spiller/innen - Liz Hoscheid, Vera Rotili a Léon Czapor - méi wéi verdéngt, virun allem och, well mir géint den zweeten, also den AL am direkte Vergläich gewonnen hunn.
Och am Football hunn sech eis Minimes-Meedercher ganz gutt geschloen, och wann ët an enger ganz staarker Grupp nitt duergaangen ass, sech fir den nächsten Tour ze qualifizéieren. Sou ass no enger Victoire bei zwou Defaiten um Enn eng drëtte Platz an hirem Grupp erauskomm.