Fir d'Qualitéit vun eisem Enseignement mat den iPad Klassen ze optiméieren, hu mir eng cellule de coordination op d'Been gesat.
Och besichen d'Enseignant regelméisseg Formatiounen.

01_copy_1

Cellule de coordination

E puer Enseignants kruten d'Roll d'Benotze vun den iPads am ALR ze koordinéieren, nei Iddien auszeschaffen, Apps ze sichen an ze kafen, déi aner Enseignants ze forméieren an ze informéieren, de Website mat Artikelen ze fëllen a mam Zuludesk d'Installatioun an d'Astellungen vun den iPads ze maachen.

Am Moment handelt et sech ëm: Meyer Anne, Kasel Ben a Klee Gilbert.


Formatiounen

D'Enseignants vum ALR déi an enger iPad Klass Schoul halen, hunn alleguer un interne Formatiounen, u Formatiounen beim IFEN an och un internationale Kongresser a Workshops deelgeholl.

Am Kader vum Projet one2one huet eng Delegatioun vum ALR un den internationalen Tablet Days 2018 de 27. an 28. Abrëll zu Rohrschach an der Schwäiz deelgeholl.

Tablet Days 2018

Wärend 2 Deeg konnt een un enger grousser Auswiel vu Keynotes an Workshops deelhuelen. Et gouf gewisen an diskutéiert wat an der Educatioun mat Tabletts esou alles méiglech ass, a wei een d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert sënnvoll a pädagogesch wäertvoll an de Coursen an an de Schoulaktivitéiten asetze kann.

TagCloud