Chrëschtmaart am Atert-Lycée
Featured

Chrëschtmaart am Atert-Lycée

Den 18. Dezember ass et erëm souwäit, den Atert-Lycée invitéiert op säi grousse Chrëschtmaart.

Ab hallwer 12 ass jiddereen invitéiert an den ALR ze komme fir sech d’Stänn vun de Klasse mat Decoartikelen, Cadeausiddien, selwer gemaache Kichelcher oder Spiller fir grouss a kleng unzekucken. D’Klasse vum Cycle supérieur assuréieren d’Stänn fir Iessen a Gedrénks, nieft Gegrills, Fritten, Nuddelen, Eisekuchen a Panescher sinn och Raclette an Dürum an der Offer, sou datt jiddereen eppes fënnt wat em schmaacht.

De musikaleschen Encadrement gëtt vun de Schüler an dem Personal aus dem ALR assuréiert. 

Och wann d’Verkaafsstänn vun de Schüler no 15 Auer zoumaachen, wäert de Comptoir a verschidden Iessebudden hannen am Haff bis 20 Auer op sinn, sou datt een och nach am spéiden Nomëtten um Chrëschtmaart vum ALR ka laanscht kommen. 

 Dëst Joer wäert den integrale Gewënn vum Chrëschtmaart un A.M.V.A (aidez moi à voir autrement) a.s.b.l. an d’Association luxembourgeise des groupes sportifs pour cardiaques gespent ginn.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons