An de leschte Wochen haten eis 7e-Klassen hier sog. Sozialisatiounsdeeg. Am Mariendall bzw. am ALR an zu Lëlz hunn si dru geschafft, fir sech besser kennenzeléieren an eng richteg Klassegemeinschaft ze ginn.

IMG_2084__002_

Dobäi hunn si geléiert, datt si vill méi wäit kommen, wann si zesumme schaffen an zesummen halen, wéi wann si just nëmme géingen no sech selwer kucken. Dat am Mariendall bei verschiddene Aufgabe wéi gemeinsam eng Holzwand an e “Spannennetz” ze bezwéngen, eng Wipp an der Balance ze halen, Tandem ze fueren oder sech géigesäiteg um Kloterpark ze ënnerstëtzen,... Och sech en Zil ze setzen an dat net aus den Aen ze verléieren hunn si beim Bouschéisse gesinn. Dertëschent a virun allem Owes no der Spaghetti gouf et och nach genuch Zäit, Fussball oder “Lou Garou” ze spillen a sécherlech och nach bis an d Nuecht eran ze quatschen...

Déi Klassen, déi d’Versioun ALR-Lëlz gewielt hunn, hunn den éischten Dag um Site vun eiser Schoul verbruecht. Et ass ugaange mat “Coolness-Training” fir seech kennenzeléieren, an da gouf eng Hütt am Bësch gebaut, Stockbrot um Lagerfeier an och nach Stiwwel-Wäitworf gemaach. Zu Lëlz dann stoung Geocaching a Kajak um Programm.

Och wann déi eng méi Chance mam Wierder hate wéi déi aner... (wéi ass de Sproch: et gëtt kee schlecht Wierder, just schlecht Kleedung 😉) haten eis Schülerinnen a Schüler sécherlech vill Spaass, kënnen zu Recht stolz op sech sinn, well se sech sécherlech méi wéi eng Kéier aus hirer Komfort-Zone erausbeweegt hunn a sinn nach méi zu enger Klass zesummegewuess.

- Galerie

 

 

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud