Den 29. September huet fir déi zweete Kéier d’Remise vun den SES-Labele stattfonnt. Dës Labelen zeechnen déi Lycéeën aus, déi sech besonnesch um Niveau vum Entrepreneuriat, der Orientatioun vun de Schüler*innen an der Nohaltegkeet agesat hunn.

IMG_2250

18 Lycéeë goufen dëst Joer am Kader vun engem SES-Dag ausgezeechent. A wéi dat lescht Joer och schonn, gouf den ALR och dës Kéier nees mat dem héchste Label, dem N3 – Entrepreneurial Culture, belount.

Dëse Label attestéiert dem ALR : « Le Lycée a soutenu les élèves activement dans le renforcement de leur esprit d’initiative et de leur capacité d’innovation ainsi que dans le développement des 4C-compétences, compétences phares du 21ème siècle : communication, collaboration, créativité et pensée critique » (Extrait aus dem Zertifikat).

Eng Delegatioun vun eise Proffen a Schüler*innen huet un dësem Event deelgeholl an hat och d’Geleeënheet fir un enger Ausstellung vun externe Partner deelzehuelen.

SES steet fir Sustainable Entrepreneurial School an ass eng Initiativ  vum Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an vun der Direction générale des Classes Moyennes.

IMG_2246

 

 

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud