No der laanger Paus vun 2 Joer konnten d’Schüler*innen aus der Talents-Aktivitéit TheAtert hiert Talent erëm op der Bün androcksvoll beweisen.

DSC01645

Op zwee Owenter, dem 29. an 30. Abrëll gouf am ALR “Die Physiker” vum Friedrich Dürrenmatt opgefouert. 14 Schüler*innen an 3 Proffe konnten an hire Rollen absolutt iwwerzeegen an d’Publikum begeeschteren.

D’ Event-Team ënnert der Leedung vum Myriam Büchler an dem Misch Quintus hunn d’Organisatioun vum Owend iwwerholl, d’Bünebild gebaut an de Festsall vum ALR an e Bistro-Theater verwandelt.

E grousse Merci geet net nëmmen u si an un d’Schauspiller*inne, mee u jiddereen, dee gehollef huet, dësen Owend zu engem onvergiessleche Succès ze maachen, sou och de Klassen 2CC, 2GIG a 1GIG an de Schüler*inne vun de Mini-Entreprisen. 

D’Engagement an d’Motivatioun vun der ganzer Ekipp hunn eis op en Neits déif beandrockt:

matgespillt hunn:  Gianluca Ciaccia, Paul Fisch, Sven Goelff, Jessie Goerens, Joshua Kohl, Elena Lagodny, Ina Lux, Céline Mangem, Davide Marcucci, Christophe Mayers, Kim Schroeder, Lynn Schneider, Luca Weissen, Lynn Wolter an als Special guests: Claude Kerger, Mike Raas an Marc Rasqué

Regie: Catherine Faltz a Carole Matgen

Maquillage: Sandy Marinho Duarte an Aileen Schuh

Technik: Victor Cremers, Jennifer Timóteo an Robert Grethen

Event-Team: Léini Assa, Amina Kocan, Cathy Mailliet, Céline Mathieu, Lisa Mille, Belma Muhovic, Lynn Muller, Lena Raach, Jana Welter

D’Schüler*inne vun der Talents - Aktivitéit Foto ënnert der Leedung vum Dimitar Dinev hunn d’Fotoe gemaach:  Hugo Da Costa Melo, Sarah Gabriel, Zoé Fantin, Susi Marnach, Nicolle Menegatti, Aline Mille, Jil Mousel, Laura Nogueira Cirne

- Galerie

 

Inscriptions - Informations

ALR Bompel Logo inscriptions 23

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud