D'Sportsoptioun aus dem Atert-Lycée huet am Kader vum Télévie 2022 Enn Abrëll den éischten ALR Ninja Warrior organiséiert.
Fir Reklamm ze maachen hunn d’Schüler vun der Optioun Sport am Virfeld ee ganz flotte Video produzéiert, sou datt d'Athlet*innen sech konnte moralesch awer och physesch op des Erausfuerderunge preparéieren.
No ville Woche Preparatioun mat hiren Enseignanten ass mëttwochs no der Schoul d'Sportshal vum Atert-Lycée an eng Ninja Arena ëmgebaut ginn. Op 8 ganz ënnerschiddleche Statioune hunn iwwert 100 Schüler*innen un dësem Challenge deel geholl.
D'Schüler*innen an d'Enseignanten déi matgemaach hunn, hunn sech hiert sportlecht Engagement als Ninja sponsere gelooss.
Mir sinn houfreg als Atert Lycée dem Centre de promesse vu Mäerzeg 2200€ fir d'Recherche géint de Kriibs bei Kanner konnten ze iwwerreechen.
Symbolesch hunn d'Ninja's am ALR ganz haart gekämpft, woubäi dëse Kampf natierlech a kenger Relatioun zu enger Kriibserkrankung bei engem jonke Mënsch steet.
Mir gratuléieren de Gewënner*inen Ella Scheer (6CS5) & Nuno Ribeiro an der Kategorie 7e-6e an dem Jackie Beckers (5CS4) & Ben Koener (5CS3) an der Kategorie 5e-2e.