No ronn 100 Aarbechtsstonnen, hunn d’Schüler vun der Liewensschoul hiren „Einbaum“ fäerdeg.

MicrosoftTeams-image__1_

Et si vill Spéin geflunn an et ass vill Schweess gefloss, fir de Bam, dee mir vum Réidener Fieschter, dem Här Schroeder Max, zur Verfügung gestallt kritt hunn, an déi richteg Fassong ze kréien.

Dëst huet sech awer absolut gelount, well de leschte Freideg ass den Einbaum offiziell am Parc Merveilleux zu Beetebuerg ageweit ginn, wou en eng ganz speziell Plaz am Mahajanga-Beräich wäert kréien.

Dësen Einbaum huet d’Liewensschoul fir d’ONG E.D.I Madagaskar gemaach, déi duerch dës Aktioun a Verbindung mat enger interessanter Fotosausstellung an engem Documentaire, déi am Parc Merveilleux ze gesi sinn, op déi prekär Situatioun am Westen vu Madagaskar wëll opmierksam maachen.

Den „Einbaum“ ass do net nëmmen gläichzestellen mat eisem Schoulbus, mee ass och een elementaart Transportmëttel fir Wueren a Material. Bei groussen Iwwerschwemmungen, déi et do quasi all Joer duerch Tornadoen ginn, ass den Einbaum fir d’Leit dohannen eng (Iwwer)-Liewensversécherung, déi nach laang net jidderee sech leeschte kann.

Weider Explikatiounen an een Abléck an d’Aktivitéiten vun der ONG E.D.I Madagaskar fannt dir hei: https://www.edimadagascar.com/

 

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud