Och dëst Joer ass nees eppes méi lass bei eisen ALR-Mini-entreprisen – an dat trotz der aktueller sanitärer Kris an dem « homeschooling ».
Insgesamt 28 Schüler hunn dëst Schouljoer zesummen net manner ewéi 8 Mini-entreprisen a ganz ënnerschiddleche Beräicher gegrënnt.
Eng vun hinnen – Delli’cious – geleet vum Bob a Joé Delli Zotti, hat elo d’Geleeënheet fir hier Aktivitéit direkt an zwou Radiosemissiounen fir ze stellen.
Wann dir lo op de Goût komm sidd, kënnt dir direkt bei deenen zwee Bridder bestellen, entweder iwwert hier Internet-Säit oder iwwert Social Media Konte bei Facebook an Instagram.
Déi aner ALR-Mini-entreprisen wäerte mir iech an de nächste Wochen no an no op dëser Plaz virstellen.
Merci am viraus fir är Ënnerstëtzung - a vergiesst net: Buy local!!! 🙂