Den Atert-Lycée Réiden ënnerstëtzt d‘ „Stroossenenglen“ mat engem Opruff fir Material ze sammelen. D' „Stroossenenglen“ ass eng Asbl, déi d‘Leit op der Strooss mat Iessen, Gedrénks a Kleeder versuergt.
Fir déi kal Wanterzäit déi elo virun der Dier steet gi waarm Decken, Schlofsäck, grouss Rucksäck a Wanterjackette fir Männer Fraen an och Kanner gesicht. Gäre kënnt dir eis är Spend am Lycée oofginn. Mir hunn eng Këscht am Hall stoen fir alles ze sammelen. Sollt dir Froen zu dëser Aktioun hunn, kënnt dir gären eis Kontaktpersoun dozou kontaktéieren op der Nummer 26 62 32 200 (Madamm Cindy Hary).
Am Numm vun de Stroossenenglen an de Léit déi Hëllef brauchen, soe mir iech am viraus e grousse Merci fir är Spend.