Och dëst Joer huet et erëm geheescht wärend zwou Wochen (17.06-28.06) mam Vëlo an d’Schoul ze fueren. D.h. op d‘Platz am Bus ze verzichten an och net mam Auto an d’Schoul ze fueren, resp. gefouert ze ginn.

Dank grousser Motivatioun hu mir dëst Joer een neie Rekord opgestallt. Insgesamt ware wärend deenen 10 Deeg - 583 Vëloe virum ALR stationéiert. Dee meeschte frequentéierten Dag war Freides, den, 21. Juni mat 109 Vëloen am Kader vun der Protestmanifestatioun vum Klimateam aus dem ALR. Hei ass drop opmierksam gemaach ginn, dass dringend eng Vëlospist fir bei eise Lycée gebraucht gëtt.
Resultater:
Schüler mat de Meeschte km. Präis: 80-70-60-50 Beki
- Mayers Christophe (6C4) - 380 km
- Horsmans Pierre (5G5) - 360 km
- Rommelfanger Noah (3GIG) - 280 km
Bürger Mara (6G3) vun Hobscheid - 280 km
Leclerc Lena (5G6) vun Hobscheid - 280 km
Schüler déi am Heefegste mam Vëlo an d’Schoul komm sinn. Präis 6 x 50 Beki
Lux Philippe
Meunier Loïc
Mayers Christophe
Rommelfanger Noah
Frising Noah
Horsmanns Pierre
Bürger Mara
Leclerc Lena
Boxho Justin
Meunier Manon
Weimerskirch Catherine
Mille Aline
Mille Lisa
Tandel Guillaume
Kauten Nik
Déi beschte Klass
D’6eG3 huet d’Klassefriess gewonnen, si sinn am Heefegsten mam Vëlo an d’Schoul komm.
Ee grousse MERCI dem Energie Atelier an dem Klimateam aus dem Kanton Réiden fir déi gutt Zesummenaarbecht an hir finanziell Ënnerstëtzung, Constructions C.Jans fir de Sponsoring vun de Velosbiddoen, dem Abruzzebier fir de Sponsoring vun der Klassefriess, eisem Sponsor vun de Croissants an natiirlech eiser Direktioun fir hir Ënnerstëtzung.
D’Equipe „mam Vëlo an den ALR“