Rondgang duerch den ALR

De Studio ALR presentéiert hier Visite guidée duerch d'Gebai. Alles wat dir hei gesitt ass wierklech esou passéiert.

Mir sinn onugemellt erageplatzt an näischt gouf retouchéiert oder novertount!! Endlech hutt dir eng éierlech Visite duerch den ALR. An dat gefouert vun enger Fra déi sech beschtens auskennt!

Net ugemellt! Näischt gespillt!

Du mierks et direkt! Hei gouf net getrickst. Keng kromm Spillercher. Mir wëllen en éierlecht Bild vum ALR.

Dowéinst:
Mir waren net ugemellt, mir hunn net ugeklappt, sinn einfach eragaangen, hunn an engem Dréi opgeholl an hunn natierlech näischt retouchéiert. 

An dëser Visite guidée gesäiss du den ALR wéi e wierklech funktionéiert.

 

Eng Studio ALR Produktioun

D'Equipe aus der Aktivitéit Studio ALR hat schonn 2014/15 ugefangen, eenzel Statiounen aus dem ALR ze filmen. Dëst Joer hu mir alles editéiert, an d'Landkaart entworf.

Den Niwwel op der Landkaart verstoppt weider Statiounen déi am Laf vum Joer 2016/2017 wäerte gedréint an editéiert ginn. Dir kënnt eis gäre kontaktéieren, wann dir eng gutt Iddi hutt fir en Departement oder  aner Statiounen am ALR ze verfilmen.

Klick hei fir op Entdeckungsrees duerch den ALR ze goen oder kuckt iech de komplette Rondgang am Video un.

 

 

Zréck op d'Studio ALR Haaptsäit

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons