Visitt vum Naturgebitt  “Weiden“ zu Useldeng de 25. Mee 2025

Visitt vum Naturgebitt “Weiden“ zu Useldeng de 25. Mee 2025

Eng Traditioun am ALR ass mëttlerweil déi alljäreg Excursioun vun de Klassen 3GPS a 2CL(B)C op Norderney.

Als Virbereedung dofir sinn déi 2 genannte Klassen een hallwen Dag an Naturschutzgebitt „Weiden“ bei Useldeng gaang, dëst ënnert der Leedung vum Här Oly an dem Här Kolwelter vun der SICONA. D’Schüler:Innen kruten hei androcksvoll gewisen an erkläert wéi Naturschutz zu Lëtzebuerg funktionéiere kann a wéi een esou ee Beitrag zum Aarteschutz leescht. Beispillhaft ass de Schutz vun Amphibië wéi dem Laubfrosch oder och nach dem Teichmolch erkläert ginn. Donieft kruten d’Schüler:Innen Sukzessioun erkläert an hier Bedeitung bei der Entstehung vu neie Liewensraim. Aartenvielfalt op Magerwiesen esouwéi Abléck an Vogelkunde ware wieder Sujeten déi traitéiert goufen. 

Déi nei gewonnen Erkenntnisser sollen de Schüler dann am Juni wärend der Excursioun op Norderney hëllefen, Neies besser ze verstoen an och erklären ze kënnen.

Ee grousse Merci geet un den FNR, deen dëse Projet ënnerstëtzt. 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons