2CC ass och dëst Joer nees an den Scienteens Lab gang fir 1 Dag laang an engem Labo mat molekulabiologëschen Methoden ze schaffen. Hei den kuerzen Bericht vun enger Schülerin.
Fir Schüler, déi hirer Première ëmmer méi no kommen, ass et nëmmen vu Virdeel fir an méiglech Beruffsgebitter stöberen ze kennen. Wéi och schonn d’lescht Joer hunn mir C Schüler dowéinst den Scienteens Lab besicht fir een Dag ze gesinn, wéi et an engem Labo augesait an wat fir Aarbechtsmethoden et ginn mat deenen an der Fuerschung geschafft ginn. Op der Platz hunn mir mat Biologiesproffen an Studenten konnten zesummenschaffen. Bei der praktescher Aarbecht, bei där et ëm DNA am Zesummenhang mat UV Strahlen goung, konnte mir selwer mat typeschem Labomaterial schaffen an eisen Begleeder Froen zur Beruffswelt stellen.
Lagodny Elena, 2CC