Um internationale Commemoratiounsdag vum Holocaust huet den Atert-Lycée d’Ausstellung “Aus eiser Siicht – Schülergedanken” ageweit.
Heibäi handelt et sech ëm Fotoën, déi eis 2e-Klassen am Kader vun hirer Besichtegung vu de Konzentratiounslager Sachsenhausen, Dachau an Neuengamme zu Berlin, München an Hambuerg gemaach hunn. Fir d’Expositioun hunn eis 2e-Schülerinnen a Schüler hir perséinlech Gedanken zu enger vun hire Fotoe festgehalen, déi si op dës Arterweis mat all eisen anere Schüler deelen.