Am Kader vun eiser Formatioun beschäftege mir eis och mam Konzept vum « Onboarding », dat heescht dem Empfang an der Integratioun vun neie Mataarbechter an enger Entreprise.
Dëse Prinzip hu mir dëst Joer applizéiert, fir eis Studenten am ALR wëllkomm ze heeschen.
Esou hunn d’Studenten aus dem éischten an zweete Joer vun eisem BTS Gestion des Ressources Humaines den 2. an 3. Oktober zwee Deeg Orientatioun an Teambuilding zu Nanzeg erlieft.
Um Programm stoungen eng Stadvisiitt, eng Presentatioun op der Université de Lorraine iwwer d’Méiglechkeete fir no hirem BTS e Bachelor RH unzefänken, souwéi eng Schatzjuegd am Zentrum vun der Stad.
Dës Léier- a Gemeinschaftsmomenter hunn d’Motivatioun vun de Studente gestäerkt an hu gläichzäiteg erlaabt, nei Kontakter opzebauen an déi bestoend Relatiounen ze verdéiwen.
E grousse Merci un d’Kolleege fir hiert Engagement an hir Begleedung.
C’est à refaire :)
==========================================================
Teambuilding à Nancy pour le BTS Gestion des Ressources Humaines
Dans le cadre de notre formation, nous traitons le concept d’« onboarding », c’est-à-dire l’accueil et l’intégration des nouveaux collaborateurs dans une entreprise.
Cette année, nous avons appliqué ce principe pour souhaiter la bienvenue à nos étudiants au sein de l’ALR.
Les 2 et 3 octobre, les étudiants de 1re et 2e année du BTS Gestion des Ressources Humaines de l’Atert-Lycée Redange ont ainsi pris part à deux journées d’orientation et de teambuilding à Nancy.
Au programme : une découverte de la ville, une présentation à l’Université de Lorraine sur les possibilités de poursuite d’études vers un Bachelor RH, ainsi qu’une chasse au trésor conviviale dans le centre-ville.
Ces moments d’apprentissage et de partage ont renforcé la motivation, favorisé la cohésion et permis de créer de nouveaux liens entre les étudiants.
Merci aux collègues pour leur accompagnement et leur implication.
C’est à refaire