Eis "élèves méritants" am Sport vum Schouljoer 2023/24 waren dëst Joer beim Zülpicher See an der Eifel.
Hei haten si d’Méiglechkeet de Surfschäin ze machen. Et stoungen awer och eng ganz Rei aner Aktivitéiten um Programm, wéi Fielskloteren, Standup-Paddle, Pedalo fueren, Beachvolleyball oder Aqua-Park. Trotz schlechtem Wieder hunn sech eis Schüler d’Laun net verdierwe gelooss an haten e puer flotter Deeg fir d’Schouljoer ofzeschléissen.