Soirée des élèves méritants

Soirée des élèves méritants

Den 11. Oktober huet den Atert Lycée seng traditionell Soirée des élèves méritants organiséiert, bei där dëst Joer eng Ronn 150 Schüler*innen fir hir aussergewéinlech Leeschtungen am Schouljoer 2023/24 ausgezeechent goufen.

An engem feierleche Kader huet de gutt gefëllte Festsall vum ALR d'Laureaten zesumme mat hire Familljememberen, villen Enseignanten, der Direktioun, Vertrieder vu Gemengen an de Sponsoren empfaangen, déi duerch hir Donen d’Evenement erméiglecht hunn.

D'Zeremonie huet mat der Verdeelung vum Diplôme de fin d’études secondaires ugefaangen, wou 7 Schüler*innen hir Ofschlossdiplomer entgéintgeholl hunn. Uschléissend huet d'Madame Monica Bastos vun der portugisescher Ambassade d'Zertifikater vum portugiseschen Ofschlossexamen iwwerreecht. Duerno goufen déi 79 élèves méritants vum leschte Schouljoer geéiert – Schüler*innen, déi duerch aussergewéinlech Resultater an hiert Engagement an der Klass  besonnesch erausgestach sinn.

Spezialauszeechnunge sinn un déi Schüler*innen gaangen, déi an den Epreuves communes internes (Sproochen), am Sport oder am REAGIS-Cours iwwerzeegt hunn. Zousätzlech goufen d’Gewënner vun de Olympiaden an der Biologie, Physik, Chimie, Naturwëssenschaften an der Mathematik ausgezeechent. Donieft goufen zwee Schüler aus dem Internat an zwee talentéiert Kënschtler ausgezeechent, déi mat hire kreativen Affiche fir den Theater an d’ALR-Worlds iwwerzeegt hunn. Fir de Gewënn am Concours Hello Spring gouf d’Klass 7C3 besonnesch ernimmt, wärend och de interdisziplinäre Projet ALR U Ready aus der voie de préparation eng Unerkennung kritt huet.

Den Direkter Jeff Kohnen huet zesumme mat villen Enseignanten d'Bedeitung vun den aussergewéinleche Leeschtunge vun de Schüler*innen ënnerstrach a betount, wéi wichteg et ass, net nëmmen akademesch Leeschtungen, mee och aussergewéinlecht Engagement ausserhalb vum traditionelle Programm ze wierdegen.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons