Soirée des élèves méritants 2025

Soirée des élèves méritants 2025

Op der Soirée des élèves méritants vum 17. Oktober sinn iwwert 130 Schülerinnen a Schüler aus dem Atert-Lycée vun der Direktioun an den Enseignanten fir hir Verdéngschter am Schouljoer 2024/25 ausgezeechent ginn.

Engersäits krut den élève méritant vun all Klass, den um Enn vum Joer vun den Enseignanten opgrond vu senge schoulesche Resultater an awer och sengem Engagement fir d’Klass a fir e Lycée designéiert gi war, en Diplom iwwerreecht. Anersäits goufen eng ganz Réi Schüler ausgezeechent fir gutt Resultater bei engem nationalen oder internationale Concours, engem speziellen Engagement fir de Lycée, eng besonnesch sportlech Leeschtung oder dat beschte Resultat bei den internen Epreuves communes an de Sproochen. Direkt véier Klasse sinn integral geéiert ginn, dëst waren d’Klasse 6P1 a 6P2 fir d’Participatioun un der Finall vum HipHop-Marathon, d’7C5 als Gewënner beim Concours Hello Spring an 5CL1 fir déi zweet Plaz beim Concous Maach Mat(h).

Mat knapp 400 Leit war de Festsall vum ALR bis op déi leschte Plaz gefëllt an d’Eltere ware ganz houfreg wann hiert Kand fir seng besonnesch Leeschtung op der Bün geéiert gouf. Wéi den Direkter Jeff Kohnen a senger Usprooch sot, well de Lycée senge Schüler mat dëser Soirée Merci soe fir hiert Engagement an ervirsträichen datt sech dru ginn a sech engagéieren, egal a wéinegem Beräich, belount gëtt. Nieft den Elteren an den Enseignanten waren och eng Réi Buergermeeschteren a Schäffen aus de Gemenge vum Kanton präsent fir de Schüler hire Respekt fir hiert Engagement auszedrécken. 

Am Kader vun der Soirée des élèves méritants sinn och nach d’Diplomer un d’Schüler vu Première déi hier Noexamen erfollegräich ofgeschloss hunn iwwerreecht ginn. Sou konnten si hiren Diplom och an engem feierleche Kader entgéint huelen. Den Direkter war och ganz houfreg fir no den Noexamen déi definitiv Zuele vum Premièresexame kenne matzedeelen. Am Enseignement secondaire classique hunn 98% vun de Primaner hiren Exame gepackt, am Enseignement Secondaire générale 84% a beim Diplom vum Techniker souguer 100%. Dat si méi wéi excellent Zuelen déi beweisen datt d’Primaner sech gutt dru ginn hunn an awer och gutt vun hiren Enseignanten op den Exame virbereet goufen.

Dëse Reportage gouf am Kader vun der Optioun ONEWS vun de Schüler Lisa Jans, Sway Prommenschenkel, Lucy Risch, Noa Santinelli gemaach.

 

Déi komplett Fotosgalerie fannt dir hei.

 E grousse Merci un d'Schülerinnen aus der Fotosoptioun Enie Knell, Lyah Varela Fortes, an Dora Di Pinto Tosseng

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons