Am Atert Lycée gëlle kloer Reegele fir den Handy- a Smartwatchgebrauch, déi am Aklang mat den nationale Virgaben stinn.
Fir d’Schüler ze ënnerstëtzen, verantwortungsvoll mat hire Geräter ëmzegoen, hu mir zwee Flyere op Lëtzebuergesch a Franséisch erausginn. Dës enthalen nëtzlech Links fir z.B. d'Bildschiermzäit ze limitéieren an Tipps fir eng sënnvoll Notzung vun digitalen Medien an esou eng gesond Balance tëscht Technologie a Konzentratioun ze fannen.