Projet 3GCM - Mir maachen de Punkt

Projet 3GCM - Mir maachen de Punkt

Vum 24ten op den 25ten Oktober war d’3GCM aus dem ALR am d’Mariendall wou si um Projet “Mir maachen de Punkt” deel geholl hunn.

Et war déi 1.Editioun vun dem Medieprojet dee vum Service national de la Jeunesse organiséiert gëtt. Am Kader vum Projet konnten d’Schüler*innen sech mam Ukrain-Krich auserneen setzen an duerch d’Produzéieren vun enger Late-Night-Show mat Bezuch zu dem Thema konnten sie sech aktiv um gesellschaftlechen Discours bedeelegen.

D’Schüler*innen kruten engersäits d’Chance fir sech mat Expert*innen iwwert den Ukrain-Krich auszetauschen, sou war zum Beispill de Chefredakter vum Radiosender 100,7, de Jean-Claude Franck, sur place, fir déi Jonk iwwert den Ukrain-Krich opzeklären.

Anerersäits kruten sie awer och duerch d’Realiséieren vun der Late-Night-Show een Abléck  an déi journalistesch an cineastesch Methoden. An verschidden Work-Shops hunn sie d’Méthode vum Voice-Over kennegeléiert an wat wichteg ass bei der Lichtgestaltung. Och d’Schneiden vun Filmsequenzen an den Ëmgang mat professionellen Kameraen kruten si bäibruecht. Sie hunn gesinn wat bei enger Moderatioun vun enger Late-Night-Show wichteg ass a konnten ee Bléck hannert Kulissen vun sou enger Produktioun werfen.

Duerch deen immens verantwortungsvollen Asaz vun den 3ieme GCM Schüler*innen aus dem ALR konnt de Projet “Mir Maachen de Punkt” eng éischte Kéier mat vollem Erfolleg ëmgesat ginn, an d’Resultat ass eng flott Late-Night-Show. D ‘Emissioun dréit den Numm: “Krich an der Ukrain – Wat ass do geschitt?”. Een Abléck an dës Emissioun kritt dir mat dem folgenden Link: https://www.youtube.com/watch?v=U9zlPUezRs0

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons