Mëttwochs, den 2. Juli 2025, ass d’Mme Schiltz mat de Latäinschüler vun der 4e mam Bus an d’Stad gefuer, fir d’Réimerausstellung an de Mosaik vu Vichten am Nationalmusée kucken ze goen.
D’Liewe vun de Réimer an hir Präsenz um Territoire vum haitege Lëtzebuerg gëtt do interessant duergestallt an d’Schüler haten d’Méiglechkeet eng ganz Partie gallo-romansch Artefacten déi hei zu Lëtzebuerg fonnt gi sin, ennert d’Lup ze huelen.
No der Visite am Musée si mir laanscht de Palais, d’Chamber, iwwer de Knuedler, laanscht d’Märei bis op d’Plëss getrëppelt, fir en Iwwerbléck iwwer d’Stad ze kréien. Trotz der staarker Hëtzt hunn d’Schüler sech gutt geschloen. Dono hat d’Klass Zäit, fir sech e bëssen ze entspanen, duerch d’Stad ze trëppelen an iessen ze goen. D’Jongen waren bänzeg, vir eleng an den … ze goen, fir do e Burger oder Nuggets z’iessen. Mat enger Glace an der Hand si mir bei d’Kathedral gaangen, hunn dobannen e klengen Halt gemaach a sinn nach d’Gëlle Fra an de Bléck an d’Péitrussdall bewonnere gaangen.
Et war ee flotten Daag bei decker Hëtzt mat feinen Schüler.